Photo: Francois Decaillet (CC BY-NC-ND 2.0)

Haut ass den internationalen Dag vun der Mëllechpompel. Dat ass awer e bësse langweileg an och sou een Nischenthema, wat usech kee wierklech interesséiert, dowéinst schwätze mer kuerz iwwer Brëscht.

Well wat wier eng Mëllechpompel ouni Brëscht? Eidel. Och de Loriot wosst schonn: Ein Leben ohne Möpse ist möglich aber nicht gut. De Komiker aus Däitschland huet do zwar vum Hond geschwat, mee natierlech mat engem gewëssen Augenzwinkern. Allgemeng kann ee soen, dass souguer och scho Roum gebaut gouf, well zwee kleng Jongen un de Brëscht vun engem Wollef gesuckelt hunn. Mënschen a Brëscht, dat kann ee guer net trennen. Se sinn natierlech net just narhaft mee och sexy.

Wann ee bei Google „Brüste” agëtt, da kritt een 42.100.000 Ergebnisse (0,27 Sekunden). Dat ass zimmlech vill. D’Hallschent vun alle Leit hu Brëscht. An déi aner Hallschent ass ee Fan. Obwuel et och Leit gëtt, déi léiwer keng Brëscht wëllen, mee dat op béide Säiten, also gläicht sech dat da méi oder manner nees aus.

De Mënsch ass awer net dat eenzegt Déier, wat gäre Mëllech drénkt. Och de Kéi hier Mëllech ass mega lecker a gutt fir d’Gesondheet. Se ass räich u Vitaminnen, Eisen a virun allem Calcium, deen ee fir d’Schanke brauch. Dat an nach vill méi kann een och am Vivarium vun der Luxlait léieren.