Photo: Tim Reckmann (CC BY 2.0)

Bei dësen Denksport-Aufgabe geet et em vill Suen

Um haitegen internationale Weltdag vun der Logik wëlle mer Äert Verstees-de-mech fir Logik un engem historesche Beispill testen. Keng Angscht, mir maachen hei lo keng Pisas-Etude draus.

Wéi déi deemoleg Gambia-Koalitioun kuerz no hirer Aféierung ugefaangen huet sech iwwer een neit Mediegesetz am Land Gedanken ze maache, stoung se virum Choix, wéi se weiderhin d’Versuergung vun der Bevëlkerung mat enger nationaler Tëlee sécherstelle kéint. Verschidden Optioune ware méiglech: Vum Opbau vun enger eegestänneger ëffentlech-rechtlecher Tëlee zu Lëtzebuerg, enger Erweiderung vum 100komma7 op de Tëleesberäich, enger Zesummenaarbecht mat belschen oder saarlänneschen ëffentlech-rechtlechen oder och eng innovativ Léisung mat ARTE.

Schlussendlech huet sech d’Regierung awer entscheet, alles einfach esou sinn ze loosse wéi et elo ass, ausser, dass RTL elo all Joers iwwer 10 Mio. Euro iwwerwise kritt. Logesch, gell?