Photo: Public Domain

Haut ass den Dag vun der Hypnos – wat Dir iwwer déi mysteriéis Extas wësse sollt!

Hand op d’Häerz: Stoungt Dir schonn eemol ënner Hypnos? Dëse mysteriéisen Zoustand gëtt et wierklech – et ass eng Aart Hallefschlof, an deem een Inhalter an Iddien unhëlt, déi engem vun engem Hypnotiseur suggeréiert ginn. Eng äusserst interessant Erfarung! Zanter Joerzéngte versiche mir, d’Publikum mat eisem RTL-Programm an dësen Zoustand ze versetzen. Zum haitegen Dag vun der Hypnos huet ee vun eise Reporter de Selbstversuch gemaach, deen dës Woch als Reportage op der Tëlee leeft. Schalt eran - a loosst och Dir iech vun eisem Programm hypnotiséieren.