LIFESTYLE - Wéi et elo hei weidergeet
RTL1 Redaktioun ass nees opgedaucht

© RTL EENT
Zwee Méint laang gouf et all Dag nei Artikelen, wéinst dem Theaterstéck gouf et eng kuerz Ënnerbriechung. Elo gi weider Projeten ugekënnegt.
E puer Deeg wor et méi roueg ginn um Site vun RTL Eent, méi genee gesot zanter der Première vum Theaterstéck „Ween stoppt RTL?“. Iwwer 20 Persounen aus der RTL Eent Redaktioun waren d’Stéck am Kasemattentheater kucke komm. Déi Deeg drop, nodeems och dee leschte Choleriker ënnert eis nees niichter wor, gouf da versicht e Bäitrag zum Stéck ze formuléieren. Als Service Public si mir jo eigentlech verflicht dat kulturellt Liewen am Land ofzebilden. Dës Aufgab huet eis awer därmoossen iwwerfuerdert, well se d’Méiglechkeet abegraff hätt, enger Kritik un RTL Plaz op RTL anzeraumen. Mir hunn et schlussendlech si gelooss a wollten elegant sou weidermaachen, wéi wann dat Stéck ni existéiert hätt.
Allerdéngs hunn eis Kameraleit eis dunn dorops higewisen dass si, wéi bei RTL üblech, ouni ze froen einfach dat ganzt Stéck gefilmt hunn. Gratis-Content konnte mir nach ni widderstoen, well da musse mir näischt schaffen. Deemno wäert muer d’Stéck „Ween stoppt RTL?“ hei um Site ze fanne sinn.
E weidere grousse Projet annoncéiert sech
Domat awer net genuch, RTL1 Informatiounen no gëtt deen nächst grousse Projet iwwert de Lëtzebuerger Mediemonopolist geschwë präsentéiert. Op rtl1.lu sidd Dir déi éischt, déi informéiert gi wäerten.
Bis zum Start vum nächste Projet wäerten op rtl1.lu dann och nees wéi gewinnt nei Artikelen erschéngen. Méiglecherweis wäert och op anere Plazen an der Gesellschaft déi néideg Diskussioune ronderëm d’Zukunft vun de Medien zu Lëtzebuerg ufänken.
-
KNOUTERBATTI21.03.2024Onverdengt verluer. Schued well et war eng gudd leeschtung
-
nizefridden21.03.2024Do ass d'Liewen nach méi deier wéi hei an d'Wieder ass och net besser.
-
fillt-iech-emol21.03.2024Emol e puer hart Iwerleeungen. Um Beispill vun den 45-59 Jaehregen. Dat sin der 137,077 hei am Land laut Statec. Dovun sin der 84% geimpft (115,145) a 16% noet (21,932) Vum 1oct-24nov sin vun denen 115,145 Geimpften der 12 an Soins Normaux komm an 4 op Intensiv. A vun den 21,932 Noet-geimpften 25 an SN an 7 op Intensiv. E Risiko vun 4 op 115,145 fir op Intensiv ass fir vill geimpften Leit ok, wann se dofir eroem alles dirfe machen a just de Impfpass brauchen ze weisen. Awer wat noet ok ass, ass weider mat Tester genervt ze gin, gratis oder noet, just dat der noet mei wei 7 vun den 21,932 noet-Geimpften op Intensiv landen. Ze verlangen dat dei 115,145 solle Ruecksech houlen op dei 21,932, deen Zuch as fort. Dei 21,932 sin keng schutzbeduerftech Minoritaet, deenen kann e just soen schuetzt iech selwer. (bleiwft doheem, a wan der eraus git dot eng FFP2 Mask un...oder dir koennt iech och impfe lossen)
-
LuxTroll21.03.2024"Fir d'Kardiologen ass beispillsweis just de Bereetschaftsdéngscht virgesinn." genau dat. Perséinlech fannen ech dat net an der Rei. Brauch een e Kardiolog, kritt een an der Urgence een Généralist ugebueden, well keen Kardiolog op der Plaatz ass, deen dann iwwer Telefon d'Direktiven vum Kardiolog diktéiert kritt. Ech fannen an enger Urgence mist d'office emmer een Kardiolog disponibel sin. mbg Lusy
-
Verstinechnet21.03.2024Ech hoffen a wënschen den Italiener dass dei Pandemie zur Rouh kennt ! An och dass dei ganz Pandemie sech berouescht ! Obwuehl Letzebzerg nach nett iwert de Bierg ass ! Allegueren zesummen hâlen dann packen mer den COVID-19 an hien nett eis ! Bon Courage ! Auguri, Forza e Coraggio Italiani !
-
Expert21.03.2024Bonne chance Dan fir deen neien Challenge!
-
haldechkleng21.03.2024Spuenien huet jo bekanntlech vill méi streng Moosnahmen am Kampf géint d'Corona Pandemie wéi Lëtzebuerg. Do wärte jo da beim Dréi sämtlech Moosnahmen an och d'Maskepflicht am ëffentleche Raum agehale ginn. Op Nei-Lëtzebuergesch: Do wärte jo da beim "Tournage" och sécher sämtlech "Mesüren" an och de "port du masque" an all "lieu public" agehale ginn. Et därf een deemno gespaant sinn op deen éischten "Maskeblockbuster" 😂
-
Knueterbatti21.03.2024Sou Saachen gin aafgesoot ......schon mol drun geduecht : All Daag sin Leit an den Busser,Zich ,Tram ,Autoen nnerwee, déi eran an raus klammen déi vun iwwerall kommen , emklammen an weider fueren . Dann dierften déi daat jo och nit maan. Als Beispill vum Alldaag gekuckt........ wann d'Leit schaffen fueren. Ech fannen daat Ganzt komplett iwwerdriww, ech willt nawell gär wessen ween sich un där ganzer Hysterie verbreeden , rem eng gelden Nues verdingt......... Hänn wäschen no deenen "üblichen" Saachen, jo. Kengem an d'Gesiicht néizen, houschten , as och kloer an einfach Manéiren gewisen. Suguer ouni vergrippt oder " vercoranat" ze sin! Ech kann just nach den Kapp resselen iwwer deen ganzen Zirkus.
-
Wuermdran21.03.2024"Eng weider Erklärung déi plausibel ass, sinn déi sougenannten Neutrone-Stären, déi rotéieren an esou staark magnéitesch Felder periodesch op d'Äerd schécken." Déi eenzeg Erklärung déi plausibel ass.
-
Waat_dann21.03.2024Hu gëscht d'Kéier net kruut. Awer haut ginn ech mer e sichen. Astérixologue, mäi Liewen laang.