Photo: Simon Cozens (CC BY-NC 2.0)

Dës Delikatess kënnt net aus der Tiefkühltruh, ma si ass nawell awer déifgefruer.

Et erënnert un de Fall wou Rosport S.A. 2003 net schlecht gestaunt huet, wou sech ee Schwäertwal an de Filter vun hirer Kläranlag un der Sauer verfaangen hat – an d’Déierche kuerzerhand stéckerchersweis als klenge Kaddo bei all verkafte Këscht Viva dobäi verschenkt huet.

Elo gouf beim Schmelze vum Äiszäitwaasser an de Produktiounshale vu Lodyss e Méinden nawell komesch gekuckt, wéi ee pelzege Rüssel net an d’Fläsch gepasst huet. Et gouf festgestallt, datt et sech heibäi ëm ee Mammut handele géif. D’Déierche gëtt zanter Joerdausenden vermësst a kann elo ofgeholl ginn.

Falls sech d’Besëtzerin oder de Besëtzer (w.e.g. Foto vun Iech mat DËSEM Mammut schécken) net bis Freiden an enger Woch bei Lodyss melle géif, kommen d’Mammutskotletten fir de geckege Präis vun 1.500€ op de Marché.