FOTOEN - Tëscht Bricherhaff an Nojem
Rollstull kënnt net laanscht Sportsauto
Photo: emonsqueezie
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
tetrapack23.01.2024Esoulaang divers grëng Politgréissten mam ÖT fueren, wärt déi éischt Klass nët ewëgfaalen. Ët bleiwt een jo awer gäeren ennert sëch😜
-
Tata-Sidoni23.01.2024Ech wollt just heizou soen, dass Hellef Doheem net den Monopol vum Tele-Alarm hei am Land huet. De Bierger huet hei een Choix. Ganz zefridden sin d'Leit mat Help24, deem Service vun Help, den niewend Berodung an den Beraicher Secherheet an Autonomie doheem och den Tele-Alarm ubied. Soweid ech wees kennen d'Gemengen ,iwert eng Konventioun mat Help24, sech un de Fraisen vom Tele-Alarm bedeelegen.
-
Nei_Hei23.01.2024E cleveren Schachzuch vun der Direktioun ze erzilen dat Primme vun +80.000 € ausbezuelt goufen . De Mann huet just vergiess ze soe wivill Primme am Detail jidderee kritt huet .Huet all Mataarbechter esou vill kritt oder ass dat d'Moyenne. Mee de Leit Dobaussen ass dat egal . Déi liesen 80.000 a schonn ass d'Bëtschel fett . An Gewerkschaften a Personal stinn. Wisou huet den CEO net gesot wéi héich d'Primme virdru woren ? An wivill Primme et gëtt wann eng Kéier manner Emsatz generéiert gëtt. Eng linear Erhéijung huet een ëmmer, an 1% pro Joer ass net d'Welt