FOTOEN - Tëscht Wëntger an Scheierhof
Rettungshelikopter rennt an Firmenauto
Photo: Sam Greenhalgh
En Accident kanns du och selwer bauen. Schéck eis eng Foto dovunner, da muss eise Fotograf net bei all Wierder iwwer d’Stroosse renne wéi eng Sau, fir als éischte sur Place ze sinn.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Letzebuerger_Patriot16.09.2023wien seet mir dann,dass dat wat du ugewisen gëtt och richteg ass! Oder muss ech dann nach eng -kéier hannen um Pak kucken op dat och stemmt?
-
KNOUTERBATTI16.09.2023Ech hun 2 Geräter (Preis 180€/St) an 2 Reim mat ënerschiddlicher Ënergrondisoléierung intalléiert. Sin e Nordmann mat öminösem Schiefferbuedem, also do wou d‘Chancen op héich Radonkonzentratiounen ze erwarde sin. De Raum mat 40 cm Styrodur Grondisoléierung + Beton huet just ronn 1/5 Radon zu einfach Betonsdall mat lichter Grondisoléierung. Dat mëcht also schon vill aus. Wat och hëlleft bei méi héiger Konzentratioun as regelméissig Stosslüften. Ech hat awer nach nie méi wie 250 Bq/m3 am Haus. Meeschtens em die 100 oder manner. Mech hat einfach interesséiert wéi di Werter sinn, well ech gär mat sou Dommheeten rondrem experimentéieren. Ob een et muss hun soll jidfereen selwer décidéieren. Och wann ech mir keen dëcke Kapp virdrun gemeet hun, sin ech trotzdem berouicht, dass d‘Werter sech an akzeptablem Rahmen beweegen 👍🏻
-
WouereschtdeetWei16.09.2023Schued fir de Russell, mee dem Jong gehéiert d'Zukunft. Ee grousst Talent 👍
-
BAARTJANG16.09.2023All guddes gewenscht
-
Aniwregens16.09.2023Ech fanen et flott dass och emol Kardiolog am Studio as. War en ganz flotten Reportage well de Mann wees vun waat e schwetzt. Och ganz intressant well iwert de Long Covid geschwaat gin as well daat emer vergiess get. Ech war selwer bei dem Dokter no enger langer Odysee an hien hued mir durch e Medikament zu enger neier Liewensqualitéit verholef . An daat an enger ganz schwacher Dosis. Esou Dokteren gin et der net méi vill.
-
Mister X16.09.2023par Rapport zum Interview vu gëscht, wi Daag a Nuecht. Woubäit haut éischter Nuecht war.
-
Neckel300016.09.2023...dat wat Madamm Annick Goerens seet, Zitat : "...Politik bleift ebe Politik" passt an dësem Fall wéi d'Fauscht op d'A ! CSV huet Joerzéngtelaang mat gehollef Steiernischen duerch Rulings etc. ze schafen, an ass elo der Meenung dass déi Mëssbrauchsméiglechkeete déi beim Regimm vun de Stock Options, a FISen bestinn, esou séier wéi méiglech mussen ënnerbonnen ginn, dat am Sënn vun enger méi grousser Steiergerechtegkeet ! Dat éiert CSV, an duerfir muss en och hirem Parteipresident Frank Engel zougestoen, dass hien de Courage hat déi Diskussioun ze lancéieren, an mat zwou Motiounen déi dozou vun hinnen an der Chamber abruecht gi sinn vir se ob den 01.01.2021 ofzeschafen net duerchkoumen...a vun de Majoritéitsparteien ofgeleent goufen ! ...Schued dass des Majoritéitsparteien, déi bestëmmt dé Mëssbrauch och wëllen ofschafen, net doriwwer kommunizéiert wéi wéit si domat sinn...och wann et eng komplizéiert Matière ass, vir doriwwer ze legiferéieren ! ..wéi wärt CSV dann oofstëmmen ?
-
Gleewennetalles16.09.2023Ech waar eemol mamm Vtt op enger Randonnée do konnt ech frou gewiecht sinn den Helm ze hunn! Mega am Besch geflattert. Laut Doc am Spidol wär ech bestemmt net esou gudd ewech komm ouni Helm.