FOTOEN - Police mellt
Firmenauto a Flamen zu Fëlschdref
Photo: Stefan Rasch
Moment, hues du grad op d’Accidentsfotoe geklickt? Hues du ze mann Drama an dengem eegene Liewen? Wat erhoffs de der? Verbéite Blech, vreckte Beem, ofgerappten Äerm? Du weess dach, wéi dat ausgesäit? Mee du wëlls Fotoe gesinn, gell? Du krankt Schwäin. Mee bon, si mir dat net all? RTL acceptéiert och deng däischter Säiten. Huel de Popcorn raus a klick dech duerch d’Fotosgalerien.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
donquijote20.07.2023Firwat gitt der da lo all sou rosen ? wéivill vun deenen, déi lo su haard hei jäitzen, klappen haerno op den snct wann se an enger langer Waardeschlang musse stoen, ebe just well all di contrôle mussen nogeholl ginn. Rechend dat mol op 3 bis 4 Méint aus. wann dat serieux no de Virgaben ofgeweckelt gett (Distanzen asw) misst dat dach machbar sinn.
-
de-ben20.07.2023Ginn d‘Ongläichheeten an d‘Luucht? Fänkt et net scho beim Virus un, wou ee gesäit, wat fir eng Altersgruppen ongläich betraff sinn? Schlëmm ass eng Ongläichheet, wann se „produzéiert“ gëtt. Wa Mann a Fra net d‘selwecht behandelt géinge ginn, sou op der Aarbecht (Verdéngscht); wa viru Geriicht d‘Gravitéit vun der Dot net méi ausschlaggebend wier, mä soss Krittären. Asw. Dat kéim jo engem ongläiche Behandele gläich: Di eng däerfen, di aner net. Wann awer elo een et „besser“ kann, wéi en aneren, ass do nach Ongläichheet ginn? Talenter, Kompetenzen, Preferenzen, lafen déi och op der Schinn vun der „Ongläichheet“? Dee Futtballspiller an der éischter Equipp, dee verdéngt e Verméigen; deen an der zweeter, wann dann, hält sech sou iwwer Waasser. An der drëtter, besser net driwwer ze schwätzen. Oder de Chirurg, dee scho moies um 7 am OP steet a bis Owes Consultatiounen erleedegt, ass dat eng Ongläichheet am Verglach mat aner Beruffer, déi schonn am Nomëtteg „fäerdeg“ sinn? Sollen déi zwee, hei als Beispill, mat deem selwechte Gehalt heem goen? Kloer, wann een do munch Direkteschposte amplaz vum Chirurg asetze géing ... an d‘Verantwortung vu mi no kucken... da kréich e Minister bestëmmt ni genuch an e representative Staatschef, ëmmer ze vill... Gëtt mat Ongläichheet net gären Ongerechtegkeet suggeréiert, ouni déi sou ze nennen? Wann e Bréifdréier sech mat dem Chirurg vergläicht, dann huet dee Bréifdréier e Problem, a soss keen. Hien also mat sech! Op déi Persoun allerdéngs genuch verdéngt, wat säi Liewensënnerhalt vun him ofverlaangt, dat ass eng ganz aner Fro. An deem Kontext vun Ongläichheet schwätzen, wier da mol net fair vis-à-vis vun deenen eenzele Beruffssparten. Wann enger Persoun soss näischt berufflech iwwreg bleift, oder souguer, et ass e ganz perséinleche Choix, Serveur (m/w) ze sinn, da kann een sech natierlech ongläich behandelt fillen, mä, am Verglach zu wiem an zu wat? Wann den „Digitalismus“ sech duerchsetzt a Roboter oft ermiddend a manner erfreelech Aarbecht ewech huelen, ass oder wier dat eng ongläich Behandlung, well do op där Plaz da manner bis wéineg Aarbechtskraaft nach gebraucht gëtt? D‘Kannergeld einfach héijen, dat kléngt wuel gutt, an ass ni héich genuch, mä, wien seet dann, datt dat och do ukënnt, woufir et bestëmmt ass? A wien ka verhënneren, datt domat net méi en décken Auto ugeschaaft ka ginn, endlech eng Vakanz méiglech gëtt, wou d‘Kanner da souguer bei d‘Bomi déi Zäit verfracht ginn? Och eng Koppel brauch Zäit fir sech, op awer duerfir d‘Kannergeld...? Wéi de Lompekréimer, de Blechschléier, de Steemetzer, an aner Beruffer zäitbedéngt „verschwonnen“ an aner nei opkomm sinn, änlech wéi haut, huet sech do eng Ongläichheet breet gemaach? Déi Wierder wéi „Ongläichheet“, Ongerechtegkeet, passen déi nach an de Kontext vun där Iwwergangsperiod, an där mer eis befannen, Corona hin, Corona hir? Soen se nach dat aus, wat een domat wëll ausdrécken an eigentlech verständlech well maachen? Mä, wat genau? Wann net, da brauche mer eng méi kloer Sprooch.
-
de_Feierbop20.07.2023Wann ech gutt informeiert sinn da gin no enger Indexupassung vun 2,5% och d’Leihn dei de Patron fir seng Geselllen verrechnet em 2.5% fir de Client an luecht. Wo ass do de Problem?
-
Trulla20.07.2023Ett ass awer ewell geschwenn iwerall esou. Mir sinn een klengt Land watt an der Populasition nach emmer weider wiest. Emmer méi Industiren an Büroen, Héiser ouni Stroosen an Contournement dobai matt vill Kameidéi mueres frei an während der Nuecht durcht den Transport Durchgangsverkéier, zech méi Fliigeren an kéint een elo nach ondendlech weider fuehren. Déi matt Geld an Macht sichen sech nach déi beschten Plaatzen am Land eraus wou och selten eppes do dobai gebaut gett je alt nach an der Natur. Mai wéi soen jo emmer mir hun jo demokratesch Wahlen. Mir mussen datt och machen soen se fir onseren Sozialsysthem ze erhaalen . Ett kann een sech awer nett verstellen datt déi kleng Salarién sinn déi grouss Reserven brauchen well Ennerschéeder an der Paien, Pensionen an Zousatzpensionen vun den Betrieber sinn enorm. Den Mëttelstand ass geschwenn komplett verschwonnen an dann gett just nach arm Bierger an super reich Bierger . Wann een kuckt an der Welt an watt fir eng Richtungen geschwenn Politik géet wir ett héicht Zeit emzedenken matt der Geldverdéelung.
-
Egalwat20.07.2023"Fir d'Kardiologen ass beispillsweis just de Bereetschaftsdéngscht virgesinn." genau dat. Perséinlech fannen ech dat net an der Rei. Brauch een e Kardiolog, kritt een an der Urgence een Généralist ugebueden, well keen Kardiolog op der Plaatz ass, deen dann iwwer Telefon d'Direktiven vum Kardiolog diktéiert kritt. Ech fannen an enger Urgence mist d'office emmer een Kardiolog disponibel sin. mbg Lusy
-
Kropefra20.07.2023Jo, desto mei Leit hei hin bei eis kommen plus eis Kanner desto mei Wasser get gebraucht. Et gin weider nei Haiser an Appartementer neideg fir jidderengem en Heem unzebidden, virausgesat hien kann sech et leeschten oder op d mannst sech de Loyer bezuele können. En Haus oder och en Appartementsblock kann een nit einfach op d gring Wiss stellen. Nierwt de Strossen fir derbei ze kommen muß Wasser Gaz an Elektrich esou wei Elektronikverbindung geluet gin. Vun der Stroß bis bei d Entrésdir oder bei de Garage muß eng fest Verbindung bestoen.Och, nei Quartieren brauchen Ubannweer un schon bestehend Quartieren, nit ze vergießen, d Schoulen mußen ausgebaut gin S s w. Also wat welle mer? Letzebuerg zreck entwickelen op en Agrarland mat 200000 Awunner. Dat ass Illusioun.
-
DePefferkaerchen20.07.2023Nein.