FOTOEN - Tëscht Fond de Gras an Schengen
Hybridauto rennt an Aprikosebam
Photo: Nancy Hilbert
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Nickla17.05.2023Wann ech richteg verstan hunn an extrapoléieren dierf: Asylanten, aus Syrien*, hei unerkannt, hir 5 Kanner sinn a Syrien déi do vun der Bomi betreit ginn, an déi kritt dann all Mount 1500 € als Kannergeld a Syrien geschéckt? An dee Jugendlechen, deen eleng hei ukënnt (an unerkannt gëtt), deem seng Geschwëster awer nach „doheem“ sinn, am Interessi vun der Familljenzesummeféierung, gëtt do elo scho Kannergeld an d‘Heemeschtsland geschéckt, un deen, deen sech ëm d‘Geschwëster do këmmert? Wéi ass et mat dem Kannergeld fir dee Mannerjärege selwer, deen hei ass? Wat fir eng offiziell Ulafstell kéint do kloer Äntwerte ginn. Gëtt et dozou vläicht eng explikativ Brochure online? * De Numm vum Hierkunfstland spillt eigentlech keng Roll.
-
Iddefix17.05.2023Bravo WALES. Schéine Match an gud gespillt.
-
DePefferkaerchen17.05.2023Fir dee Präis flécken ech et selwer. Wat ech och machen, ass, als Muster halen an mir aus neiem Stoff nei ze schneideren🙂 Oder, ech machen Lompen drauser.🤷♀️