FOTOEN - Tëscht Routbaach an Bouferdeng
Diesellokomotiv rennt an Sportswon
Photo: Vanessa & Leigha
An? Gehéiert den Auto engem, deens de kenns? Waars du och schonn eemol do? Bass eréischt virun e puer Deeg op der selwechter Plaz laanscht gefuer, wou elo ee gestuerwen ass? Dat hei kéint eng Foto vun dengem Auto sinn. Vläicht ass et souguer eng Foto vun engem, wous du kenns? Du méchs der Suergen a wollts just sécher sinn, dass du déi Persoun net kenns. Kuerz has de Angscht. Angscht ass e gutt Geschäft. Du schudders dech. Elo drift däi Bléck zur Reklamm fir dat neit RTL-Format: „Driving Dreams“.
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
fillt-iech-emol12.03.2023Géint de Verdeelungskampf fir d'grouss Mass kënn ech näischt hunn. Ech fäerten awer, dass dat näischt gëtt, ech fäerten, dass d'Profitgier vun epuer dat verhënnere werd, fir dass si duerno erëm ganz héich uewen op der Treppchen vun de Begënschtegte stoe kënnen.
-
Waat_een_Kaabes12.03.2023Wéi kann ee 4MW-Wandrad am Norde méi Leeschtung bréngen wéi am Süden ? Liwwert et do 6 MW ? Wann déi Rieder nët all 5 Minuten wéinst zevill Loft, ze kaal, de Flantermeis, dem Roudmiilan géife gestoppt ginn, wier hier Produktivitéit och scho besser
-
Matbierger12.03.2023No desem formidablen obtret kann ech just lo nach eppes soen. Macht wa der wellt. Sin frou das die eng keng skipist machen. An die anner net wessen wat se sollen machen ausser eis Bieger ob den Armenbüro ze schecken.
-
Aniwregens12.03.2023Zu Märel get et och een Weier am Märler Park an do ass och een Hotel plus Café direkt beim Weier. An do geuf et och keen Opstand an jidereen ass zefridden.
-
haldechkleng12.03.2023Bravo, - fir déi excellent Explikatiounen iwwert d’ Entstoen vun onsem Walsystem, - fir déi detailléiert Beschreiwung an e pur Wierder vun den historeschen Gegebenheeten, - fir de Courage ze hunn fir 1 Walbezierk ze fuerderen. Dat d’ Partei soll awer d’ Reiefolleg fest leeën wéi se d’ Leit an Chamber komme liest, och wann iwwert en Tirettesystem Fra-Mann oder Mann-Fra, wär awer e staarken Aschnëtt an dem Wieler séin Ausdrock, fir ze weisen op se Politiker nach wëllen oder nët. Och wann ech nach net zu enger Conclusioun komm sinn, ob dat elo besser wär, wat wären d’ Vir- oder Nodeeler wann all Partei zwou Lëschten – eng mat Fraen an eng mat Männer – vun 30 Persounen hätt, also e bësse méi grouss wéi déi Lëschten an der Stad Lëtzebuerg, an mir géingen alleguerten mam System wéi bis elo (awer net den D’Hondt System), dann 30 Fraen an 30 Männer wielen. Sou hätt de Wieler déi gréisst méiglechst Fräiheet, d’ Geschlechter wären gläich representéiert, an et kéint een an all Géigenden vum Land och den Premier wielen oder och net wielen. Mir hätten sou och eng natierlech Hürd vun ëm 3%, wat jo och wichteg wär, fir dat d’ Parlament net zersplittert gëtt wéi an Holland.
-
Knueterbatti12.03.2023An Däitschland sinn d‘Terrassen well schon op.
-
kleinGEIST12.03.2023Ech sinn zenter menger Jugend Member an enger Partei an muss 4,5 Joer schaffen bis Pension. Also wann ech emmer hätt missen demissionéieren wann mir eppes net passt oder ech den Wellen net gedoen kréien..... ech bleiwen leiwer an soen hinnen d‘Meenung an streideb. Fortlaafen ass keng Optioun.
-
NONDIKABES12.03.2023Selwer schold.