FOTOEN - Tëscht Bramillen an Diddeleng
Sportswon kritt Bierk ze paken
Photo: Ethan Smith
Du weess schonn, dass RTL mam Ongléck vu Leit gutt Geschäfter mécht? Artikele vun Accidenter generéiere Klicks. Dësen Trafic ass d’Grondlag fir d’Statistik mat der RTL sech bei senge Reklammsclienten als wichtegst Medium vum Land präsentéiere kann. Mir soen Dir dowéinst Merci fir däi klengen, awer wichtege Bäitrag fir ze verhënneren, dass eise léiwe Lëtzebuerger Medienstanduert riicht an d’Mauer rennt. Metaphoresch. Wanns du lo trotzdeem ee schlecht Gewëssen hues, kanns de jo bei Télévie eppes spenden. Service. (Public).
Commentairen Schreift en neie Commentaire
-
Mellechmann17.01.2023Léiwe Max, wann ee villäicht Händchen undeet, dat kritt een och net sou séier kal Fangeren BG, ;-)
-
Neckel300017.01.2023An no der Manif soutzen se mat hiren Smartphones am McDO an beim Starbucks... An wiesou déi Slogans bal alleguer op Englesch? Ass dat méi cool, oder kënnen se keen Lëtzebuergesch?
-
den_Schockeierten17.01.2023Nein.
-
Infowars17.01.2023Ech fannen ët gudd, dass dëss Décisioun geholl gin ass, an d‘Leit äuss dem Horesca Secteur endlech mool rëm Geld kënnen verdingen fir hiren Loyer an Liewenskäschten ze bezuelen.
-
Komplet_Wurscht17.01.2023Tjo kee Wonner, den Auto ass a bléift dat flexibelst a bequemste Mëttel fir iwwerall an zu jidder Zait hin ze kommen. Et brauch een kee Fuerplang, era klammen an fort geet et.. an virunallem et brauch een kee Gepäck ze schleefen, ausser déi puer Meter vum Zëmmer an d‘Garage oder wou soss den Auto steet.
-
gunman17.01.2023De Putin kroopt sech also e Land mat Buedemschätz an mir probéieren hien vum internationalen Marché ze isoléieren. Interessant, interessant. Ech si gespant wen do den Dommen ass.