Photo: Freepik

Firwat et sech einfach maachen, wann een et sech och ganz einfach maache kann. Dat ass d’Fro, déi sech dagdeeglech an der Online-Redaktioun vun RTL gestallt gëtt.

Dir wosst warscheinlech, dass et mat „RTL Today“ een englescht a mat „RTL Infos“ och ee franséischt RTL hei am Land gëtt. Mee wosst Dir, dass op RTL.lu net just Artikelen op lëtzebuergesch, mee och op Däitsch publizéiert ginn? Mir hunn iech e puer Meldungen erausgepickt a verlinkt:

RTL.lu op däitsch, dat spiert sech komesch un. E Bléck op d’Autrice vum Artikel verréit awer, et handelt sech hei ëm Artikele vun der „AFP“, der Noriichtenagence „Agence France-Presse“. An déi Artikele goufen direkt an de System vum RTL-Site ragezunn a souguer schonn online gesat. Allerdéngs goufen se net um Site selwer verlinkt, an esou sinn dës Artikelen och just ze fannen, wann een an der URL mat den Artikelnummere spille geet. Oder ee Webcrawler iwwert de Site lafe léisst a sech sämtlech Artikele vum leschte Joer tablearesch oplëschte léisst.

Déi „journalistesch“ Aarbechtsprozesser vun RTL

Eng 55% vun den Artikelen, déi bei RTL am System sinn an och publizéiert goufe sinn der, bei deenen d’AFP d’Autrice ass. Déi sinn allerdéngs op RTL selwer net ze fannen, an dat läit dorunner, dass d’Redaktioun vun RTL déi Artikelen, déi hinne gefalen dann iwwersetzt a gläichzäiteg d’Autrice „AFP“ duerch „RTL“ ersat an den Artikel doduerch als eegene Content labelt. Vun deenen Artikelen, déi effektiv op RTL.lu verlinkt an ze fanne sinn, sinn der just 15% mat Journalist*innen-Nimm an iwwer 70% mat der Autrice „RTL“ gekennzeechent. Ënnert „RTL“ ginn net just déi iwwersaten Agenturmeldungen, mee och all aner kopéierte Content, zum Beispill d’Police-Rapporte publizéiert. Dat ass zwar géint d’Reegele vum Pressekodex, dee virgesäit dass d’Autrice vum Artikel ze erkennen si muss, mee wat interesséiert RTL schonn de Pressekodex. Dat hei ass ëmmerhin eng gutt Methoden ze verschleieren, wéivill Artikelen dann elo vu wéi enger Redaktioun - oder heiansdo och vun IP Mataarbechter*inne geschriwwe goufen.

De Staf vum franséischsproochegen RTL Infos schreift ëmmerhin heiansdo „RTL avec AFP“ dohinner, hei gouf jo awer och net déi komplex journalistesch Aarbecht vum Iwwersetze gemaach. Bei deem Deel vun der Redaktioun, deen d’Artikelen op lëtzebuergesch iwwersetzt fält also awer méi Aarbecht un. Dat huet wuel dozou gefouert, dass ee kreativ ginn ass, fir awer ouni groussen Opwand méiglechst séier méiglechst vill Artikelen ze produzéieren. Kucke mer eis Beispiller un.

Kuerz, knapp a sensationalistesch

Aus der Lëscht vun am System gespäicherten Agence-Meldunge sicht sech den RTL „Journalist“ also een eraus, dee wichteg genuch ze si schéngt, iwwersat ze ginn. Dëst sinn awer net ëmmer AFP Meldungen, heiansdo sinn et och aner Agencen deenen hier Meldungen an de System geluede ginn. Am September kënnt et zu groussen Iwwerschwemmungen a Libyen. Dëst ass een Event, bei deem d’Medienhaiser uechter d’Welt Haaptsächlech op Informatiounen zeréckgräifen, déi hinne vu Presseagencen zur Verfügung gestëllt ginn. D’Agencë selwer gräifen op vill verschidde Quellen zeréck, déi si da jeeweils an hiren Artikelen zitéieren. RTL huet eppes iwwer 50 Artikele vun der AFP an hire System gelueden, 13 dovunner ginn iwwersat an erschéngen op rtl.lu. Fir sech nach méi Aarbecht ze spuere gëtt awer net just iwwersat, mee och kräfteg gekierzt.

Sou iwwerhëlt RTL zum Beispill d’Meldung vun der DPA iwwer d’Gefor vun engem Ausbroch vun der Cholera am Iwwerschwemmungsgebitt. Och eng grouss Unzuel un anere Pressehaiser kopéiert d’DPA Meldung, gëtt am Ënnerscheed zu RTL awer net just d’DPA als Quell un, mee iwwerhëlt och de Groussdeel vun den Hannergrond-Informatiounen. Déi Plaz an Zäit kann een sech spueren, huet RTL geduecht, reduzéiert d’DPA Meldung op de Saz „International Hëllefsequippe schwätze vun enger katastrophaler humanitärer Lag“ an iwwersetzen déi éischt dräi Zeile vum Text:

„De Gesondheetsministère zu Tripolis huet gewarnt, dass besonnesch an der Stad Darna d’Drénkwaasser mat Läichen, Kadavere vun Déieren, Offall a chemesche Substanze verknascht wier. Dosende Kanner si scho krank ginn. D’Drénkwaasser huet sech och mat Ofwaasser vermëscht.“

Vergläicht een des Iwwersetzung mam Original, stellt e fest, dass RTL net just eng Quellenangab, an zwar „Arab News“, innerhalb vum Text erausgeläscht huet, mee anscheinend och d’Beschreiwung vun der Cholera-Krankheet ze vill Méi bei der Iwwersetzung gemaach hätt:

„In Libyen gibt es nach den schweren Überschwemmungen Befürchtungen vor einem möglichen Ausbruch der Magen-Darm-Krankheit Cholera. Das Gesundheitsministerium in Tripolis warnte laut der Zeitung „Arab News“ vor einer Infektion mit den gefährlichen Bakterien. In der schwer betroffenen Küstenstadt Darna sei Grundwasser durch Leichen, Tierkadaver, Müll und chemische Substanzen verschmutzt worden, hieß es. Dutzende Kinder sind dort durch verschmutztes Wasser erkrankt.“

Also halen mer fest: RTL kopéiert net just Pressemeldungen vun aneren Agencen, si ginn och keng Quellen oder Original Auteuren un an deelweis läschen se och Informatiounen raus déi tëscht all de Reklammen um Site einfach ze vill Plaz wechhuelen. Et geet hei ëmmerhin net drëms d’Bevëlkerung z’informéieren mee just genuch ze hunn fir dass d’Leit weider all dag op de Site kommen an en sou mei publique huet fir seng Dauerwerbesendung.